Vir déi wou Fussball intresséiert sinn proposéiert d'Alus déi éischten Kéier zesummen an den Stadion ze goen. Vir déi wou et net wëssen den Racing vun Stroossbuerg spillt säit dësem Joer erëm an der éischter Liga, an den Match wou mir iech prosperéieren ass Denschten den 28ten November um 19:00 géint eis Konkurrenz aus Caen. D’Meinau ass bekannt vir mat déi beschten Stëmmung an ganz Frankräich ze hunn an mir wëllen iech d'Chance ginn dës Atmosphäre eng kéier live ze erliewen.
Dëst Event gëtt sou frei gestart well ma d’Ticketen en Avance mussen huelen.
Wann der gären en hätt, schreift dem Boussong Olivier ob Facebook oder eng mail ob [email protected].
Den Ticket géifen mir vir iech huelen an kascht 12 Euro, an dir misst dann d'Suen ob den Alus Konto zeréckiwwerweisen. ( BCEELULL IBAN LU83 0019 2955 2436 2000) (Racing + Numm)
Ween gären um lafenden gehalen gëtt kann eis Page liken do ginn reegelméisseg sou Events organiséiert. (https://www.facebook.com/groups/196360297522644/)
Mir géifen eis iwwert extrem vill letzeboier Fans am Stadion freeën.
0 Commentaire Soyez le premier à réagir