ALUS Partyboot! - Quai Des Bateliers

Du au

De 20h40 à 00h00

Quai Des Bateliers

Quai Des Bateliers
67000 Strasbourg
Salut léif Memberen,
Wei all Joers organiséiert d'Alus och dees Joer erëm dat legendäert PARTYBOOT!!
Dat ganzt fënnt Mëttwochs den 24ten Januar statt.

NEI: DËST JOER ASS ET NET 2 MAIS 3 STONNEN!!

Kuerz Beschreiwung vum Event: Mir fueren mat engem Privatiséierten Bateau Mouche duerch ganz Stroossbuerg. Während deenen 3 Stonnen ass Open Bar dh dir kritt vun allem souvill ze drenken wei der wellt.

All weider Informatiounen fannt der hei ënnendrënner, mir géifen iech uroden déi gutt duerchzeliesen:

Dëst Event ass EXKLUSIV NËMMEN fir ALUS-MEMBEREN! Dh, Leit déi eng aktuell ALUS Memberskaart 2017-2018 hunn an och op eiser Memberslëscht stinn. Ween bis den 10.Januar 2018 – 23h00 keng Memberskaart huet an net op eiser Memberslëscht steet, huet och keen Rescht sech unzemellen. Falls een et awer probéiert, deem seng Umeldung gëtt direkt refuséiert.
D’Umeldungen starten den Dënschden 16. Januar 2017 um 5h00 MOIES, lokal Auerzäit vun Stroossbuerg, via den Formulaire : (https://www.inscription-facile.com/form/DS8jN5ZrR21RJml0TvEh).

D’Platzen sinn op 60 Léit limitéiert an et kënnt nach eng Waardelëscht vun 20 Platzen dobäi. (vir déi wou et net wëssen d'Event ass an der Reegel no manner wei enger Minutt ausgebucht dh sidd mat zäiten bei ;)

Fir är Umeldung ze bestätegen, géingen mir Iech bieden déi 30€ Participatioun bis Sonndes den 21 Januar 00:00 op eise Kont ze iwwerweisen. ( IBAN LU83 0019 2955 2436 2000). Als Bemierkung schreift der ären Numm + Paryboot. (wien do net iwwerwisenen huet kennt diirekt erem hannen ob d'Wardelescht).

Falls dir net kommen kënnt, dann sot w.e.g Bescheed andeems dir eng MAIL un [email protected] schreift oder iech ob Facebook beim Olivier Boussong ofmellt.

Den Treffpunkt ginn mir och erreicht kuerzfristeg gewuer dh mir posten deen soubal ma en genau wëssen an d'Event.

Sidd w.e.g. PÜNKTLECH um Treffpunkt, an spéitstens um 20h40 dass mir jiddereen un Bord kréien an soumat och kënnen mat Zäiten fortfueren. D'Boot fiert pünktlech fort wien also ze spéit ass hat leider Pech.

D’Boot fiert genee 3 Stonnen, dh vun 21h00 bis 00h00. Um PUNKT 00h00 muss d’Boot erëm nees zeréck fueren. Dofir géingen mir Iech och bieden direkt d’Boot ze verloossen soubal mir um Quai zeréck ukomm sinn, well d’Boot muss ganz séier geraumt ginn dass et dann kann zeréck fueren an wann nach jiddereen um Boot ass dann kommen mir Comité och net virun an mussen dann 1 Stonn méi bezuelen.

Thema gett dëst Joer erem an enger Ëmfro hei am Event descideiert wou jideren kaan deelhuelen.

Reegelen un Bord :
Et ass verbueden um Boot ze fëmmen.
Den Dach vum Boot opmaachen an virun allem op den dach vum Boot klemmen ass verbueden.
Et sprengt och waneschglift dëst Joer keen an d'Waasser.
Hannert dem Comptoire stinn JUST déi leit vum Comité. Dir krit gären esou vill dir wëllt, frot einfach.
Keen Gedrénks vum Boot mathuelen, mir stellen iech wierklech alles zur Verfügung.

Mir géifen Iech bieden des puer einfach Reegelen ze respektéieren well hannert dem Event ganz vill Arabescht stécht an den Owend net soll duerch en klengen Blödsinn verschass ginn. Mir soen elo schon als Comité Merci!

An dësem Sënn erhoffen mir eis een onvergiesslechen Owend mat iech an flotter Musek an natierlech gudder Ambiance.

Mat beschte Gréiss,
Den Comité! <3

0 Commentaire Soyez le premier à réagir

Quai Des Bateliers Les prochaines sorties

Aucun événement prévu à Quai Des Bateliers pour le moment ! Vous souhaitez créer un événement à Quai Des Bateliers ?

Événements similaires

7ans MUDD CLUB : Deathcrew w/ Manuel Etienne & Guest

- - De 21h00 à 01h00
Mudd Club , Strasbourg

Actrice de Pascal Rambert

- - De 20h00 à 18h00
Tns-Théâtre National De Strasbourg , Strasbourg

Ballerine invite Rye Whisky

- De 20h00 à 23h30
Au Camionneur , Strasbourg

Ballerine invite Rye Whisky Au Cam - Mercredi 24 janvier

- - De 20h00 à 00h00
Au Camionneur , Strasbourg

Beer Pong STAPS Cup #2

- - De 19h00 à 01h00
K'fet Des Sciences Ads , Strasbourg

Blindtest Barberousse

- A 21h00
Barberousse Strasbourg , Strasbourg

Café Cocoon - Transgenre / Non-Binaire / Genderfluid

- De 20h00 à 23h00
La Station Lgbti Alsace , Strasbourg
Plus (7 / 32)