En ass donkel blo a gutt kuscheleg waarm. Fir an der Mëtt stralen eise Storchi zesumme mam roude Léiw an hannen um Réck dominéiert eis berühmte 67. Dat ass eisen offiziellen ALUS-Memberspullover!
Dir hutt de Pullover bei engem vun eise Membere gesinn an dir wëllt onbedéngt och een hunn? Oder dir hutt lescht Joer verpasst een ze bestellen? Dann zéckt elo net méi!
Fir ze bestellen, muss dir dëse Formulaire:
http://alus.lu/alus-wear-bestellformular ausfëllen a 25€ op de Kont BCEELULL IBAN LU83 0019 2955 2436 2000 iwwerweise mat der Kommunikatioun : ALUS Memberspullover ’’Numm Virnumm’’.
Et muss een net ALUS Member sinn fir kennen ze bestellen !
D’Deadline fir ze bezuelen ass de 25. Oktober 2017. Eng Bestellung kann eréischt validéiert ginn, wann d’Suen op eisem Kont ukomm sinn !
Fir déi richteg Gréisst ze bestellen, fann dir hei och eng Gréisstentabelle, wou dir dann doheem a Rou är Gréisst kennt nokucken.
Bei Froen, kenn dir iech gären un e Comité-Member wenden.
Mat beschte Gréiss,
De Comité
0 Commentaire Soyez le premier à réagir